A7 : Autoroute du Nord "Nordstrooss" - Ouverture à la circulation

En date du 23 septembre 2015 la dernière section de l’Autoroute du Nord A7 "Nordstross" entre l’échangeur Waldhof (N°1) et l’échangeur Lorentzweiler (N°2), incluant les deux tunnels Stafelter (1850m) et Grouft (2960m) a été ouverte à la circulation. L'ouverture au trafic fut en début de soirée, après l'inauguration officielle qui s'est déroulée en présence de S.A.R. le Grand-Duc, le président de la Chambre des Députés et plusieurs membres du Gouvernement.

Dans son discours M. René Biwer, directeur de l'Administration des ponts et chaussées énonce brièvement quelques chiffres clefs pour retracer ensuite l'historique des ministres impliqués:

"De Minister Robert Goebbels deem de grouse Mérite zousteet Décisioun vun dem Bau vun der Nordstrooss erbäi geféiert ze hun, konkrétiséiert vum Gesetz vum 27. Juli 1997. Op den Historique kommen ech zeréck.
Der Madame Minister Erna Hennicot-Schoepges als Nofolgerin am Ministère vum Här Goebbels huet Nordstrooss weider geféiert an e spezielle Merci un Si fir de groussen Asaatz déi si gewisen huet wéi mer am Tunnel Gousseldéng 2004 gréisser technesch Problemer haaten, a mat bedeitenden Fuederungen vun den Entreprisen konfrontéiert waren. Si haat och de Verdéngscht nët op nei Afrostellungen vum Tracé agaangen ze sin.
De Minister Claude Wiseler huet Nordstrooss an engem ganz schwieregen finanziellen Kontext weider bruecht an hien haat och déi onangenehm Tâche zwee Gesetzer misse stëmme ze loossen fir de Budget der Evolutioun vun den Dépensen Rechnung ze droen. Daat waren Gesetzer vum 3. August 2005 an énger Héicht vun 229 Milliounen Euro respectif vum 25. Mai 2012 mat weideren 58,1 Milliounen Euro.
Op séng Demande ass och 2006 nach eng Etude an Optrag gi gin déi d’Längt an d’Bauweis vum Tunnel Staffelter konfirméiert huet.
Finalement de Minister François Bausch deen Aarbechten, notamment am elektro-mechanesche Beräich, zu engem gudden Enn bruecht huet, deem säin Asaatz der Ëmsetzung vun de Mesures compensatoires gegolten huet, an deem d’Éier zousteet dës wichteg Strooss anzeweien, trotzdeem dass hien fréier nët esou waarm fir de Projet war."

Il poursuit avec l’historique de cette importante partie de notre réseau autoroutier:

"D’Gesetz vum Fonds des Routes vun 1972 haat a séngem Artikel 6 folgendes virgesin : “une nouvelle route de Luxembourg à Ettelbruck partant du Contournement de la Ville de Luxembourg à Strassen avec raccordement à la voirie de la vallée de l’Alzette et à la voirie du Nord à partir du Contournement d’Ettelbruck.”
De Contournement vun Ettelbréck ass 1989 a Betrieb gaangen, de Contournement vu Schieren 1993 an deen vu Miersch a Colmar-Bierg am Joer 2001.

Den 30. Abrëll 1992 huet Chamber sech an enger Motioun mat enger grousser Majoritéit vu 75% fir eng Ost-Variant ausgeschwaat. Daat war deemols och déi deierst Léisung.
Dono huet ët nach 5 Joer gedauert bis West-Variant gesetzlech durch eng Ost-Variant remplacéiert gin ass.
Am Februar 1995 huet de Minister Robert Goebbels während enger Pressekonferenz den définitiven Tracé virgestallt. 3 grouss Tunnel’en si virgesin, an zwar deen vum Staffelter mat enger Längt vu 1.850 m, dee vum Grouft ass baal 3 km laang. Iwert d’Uelzechtdall geet ët mat enger Bréck vu 900 m an de Gousseler Tunnel, deen eng Längt vu 2.695 m opweist. Des Tunnelbauwierker hun an zum Deel schwieregen geologeschen Verhältnisser musse gebaut gin, beim Grouft huet d’Grondwaasser missen duerchquéiert gin. Desweideren ass um Blaschetter Plateau tëschent dem Nord-Portal vum Staffelter an dem Süd-Portal vum Grouft eng Wëldbréck vun 150 m virgesin.
De 27. Juli 1997 ass d’Gesetz fir de Bau vun der Ost-Variant fir e Montant vun 366 Mio. Euro vun der Chamber ugeholl gin.
De Chantier ass am Juni 1998 lass gaangen mam Deelstéck A1 – Iechternacherstrooss. De Planning huet virgesin 2007 mat der ganzer Nordstrooss färdeg ze sin. Daat 1. Stéck konnt den 13. September 2002 a Betrieb geholl gin. Mee mir hun ons der finanzieller Decke musse strécken. De 24. Januar 2008 konnt den Tronçon Lourentzweiler – Miersch fir de Verkéier opgemaat gin. Fir daat lescht Deelstéck daat mer haut aweien, war ët virgesin den Tunnel Grouft Mëtt 2002 unzefänken. Effektiv war dësen Ufank awer eréischt 2005. Problemer bei der Acquisitioun vun den Terrains’en a juristesch Problemer bei dem Zouschlag explizéieren gréisstendeels dëse Retard. Den Tunnel Staffelter ass 2008 ugefaange gin. Initial war 2002 virgesin."

Il donne encore quelques précisions quant aux changements substantiels qui ont dû être apportés en cours de route:

"- De Projet vun der jonction Grünewald huet aus Trafic-Grënn missten erweidert gin, mam Ausbau vun der A1 bis Senningerbierg;
- Eng 3. Spuer am Tunnel Grouft bierg op, a schwieregen geologeschen Verhältnissen an eng Fluchtgalerie vun 80 m si bäikomm;
- Am Staffelter ass och en Noutausgang no baussen gebaut gin;
- En extra’en Waasserhéichbehälter huet missen am Gréngewald gebaut gin fir Tunnel’en mat Loeschwaasser am Brandfall ze versuergen;
- an nët ze vergiessen déi wesentlech verstärkten Sëcherheetsoplagen aus EU Direktiven no de schwéieren Accidenter am Mont Blanc an am Tauer Tunnel (1999) an am Gothard (2001) hun d’Käschten vun den techneschen Equipementer wesentlech an d’Luut gedriwwen, am ganzen sin fir 60 Milliounen electromechanesch Equipementer agebaut gin;
- Dauer vum Chantier haat, mat der Entwécklung vun de Marché’s Präisser, natiirlech och en Afloss op den Endpräiss."

Finalement, Monsieur Biwer exprime ses remerciements envers ceux qui ont contribué à la réalisation de ce projet complexe et à tous les responsables de son administration pour leur travail irréprochable.

Dernière mise à jour