Am Kader vun den Efforte fir d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum ze stäerken, waren de Kulturminister Eric Thill an d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte Yuriko Backes den 11. Dezember 2025 am Atelier vun Ponts et Chaussées déi nei zweesproocheg Begréissungsschëlder besichtegen, déi op Initiativ vum Kulturministère vun eisen Leit no bei de Grenzen op den Autobunnen opgestallt ginn.
Spéiderhi sollen och nach Schëlder op e puer Nationalstroossen derbäikommen.
Nieft engem Héiflechkeetsakt, mat deem d’Leit zu Lëtzebuerg wëllkomm geheescht ginn, respektiv mat deem se fir hir Visitt Merci gesot kréien, weisen déi Schëlder, datt Lëtzebuerg eng eege Sprooch huet a méisproocheg ass, wat e wichtegen Deel vun der kultureller Identitéit vum Land a sengen Awunner ass.